Wie ka wielen

Als Net-Lëtzebuerger, deen d'Nationalitéit vun engem aneren EU-Land huet, kënnt Dir un den Europawahlen deelhuelen, andeems Dir tëschent zwou Optioune wielt:

  1. Entweder wielt Dir 6 Vertrieder vum Groussherzogtum Lëtzebuerg am Europaparlament,
  2. Oder Dir wielt d'Membere vum Europaparlament vun Ärem Hierkonftsland.

Fir d'Vertrieder vu Lëtzebuerg ze wielen (1. Optioun), musst Dir 4 Konditiounen erfëllen:

  • Den Dag vun de Wahlen (de 26. Mee 2019) 18 Joer al sinn;
  • Dee Moment, wou Dir d'Demande fir d'Aschreiwung an d'Wielerlëscht maacht, zu Lëtzebuerg wunnen (keng Mindestopenthaltsdauer);
  • Iech bis den 28. Februar 2018 um 17 Auer an d'Wielerlëschten aschreiwen;
  • D'Biergerrechter hunn an d'Wahlrecht zu Lëtzebuerg oder am Hierkonftsland net ofgesprach kritt hunn.

Wann Dir Vertrieder aus Ärem Hierkonftsland wëllt wielen (2. Optioun), musst Dir Är Ambassade oder Äert Konsulat kontaktéieren.

D'Wahl ass obligatoresch fir all d'Lëtzebuerger, déi automatesch op de Wielerlëschte stinn.

Aktualiséiert