Wéi wielen

Den Dag vun de Wahlen

De 26. Mee 2019 sinn all d'Lëtzebuerger an d'auslännesch Awunner, déi op de Wielerlëschten am Grand-Duché agedroe sinn, opgeruff 6 Vertrieder vum Groussherzogtum Lëtzebuerg am Europaparlament ze wielen.

All ageschriwwene Wieler kritt spéitstens 5 Deeg virun de Wahlen e Bréif vu senger Gemengeverwaltung, déi him den Datum vun de Wahlen an d'Ëffnungszäite vum Wahllokal matdeelt. D'Convocatioun enthält och d'Instruktioune fir de Wieler an d'Lëscht vun de Kandidaten.

Den Dag vun de Wahle muss de Wieler:

  • Sech tëschent 8 a 14 Auer am Wahlbüro vun der Gemeng, an där hie wunnt, presentéieren;
  • E valabelt Identitéitsdokument matbréngen (Carte d'Identité oder Pass).

Dono muss hien nëmmen nach an d'Wahlkabinn goen a seng Wahl treffen.

Bréifwahl

All d'Wieler, déi op de Wielerlëschte fir d'Europawahlen zu Lëtzebuerg agedroe sinn, kënne per Bréifwahl wielen.

D'Gemeng, an där de Wieler muss wielen, muss d'Demande fir d'Bréifwahl obligatoresch bannent de folgenden Delaie kréien:

Fréistens 12 Wochen a spéitstens den 2. Mee 2019, wann de Convocatiounsbréif op Lëtzebuerg soll geschéckt ginn;

Fréistens 12 Wochen a spéitstens de 16. Abrëll 2019, wann de Convocatiounsbréif an d'Ausland soll geschéckt ginn.

D'Demande fir Bréifwahl kann elektronesch iwwer myguichet.lu oder per Post gemaach ginn (als einfache Bréif oder op engem virgedréckte Formulaire, deen de Wieler bei der Gemeng vu sengem Wunnsëtz kritt).

Méi Informatiounen:

Bréifwahl fir d'Europawahlen ufroen

Wahlmodus

Fir d'Europawahle gi 6 Europadeputéiert aus Lëtzebuerg gewielt, déi e Mandat vu 5 Joer hunn.

D'politesch Parteie musse Kandidatelëschten opstellen. D'Wahle sinn direkt: d'Wieler wielen hir Deputéiert direkt, ouni Intermediairen.

All Wieler huet esou vill Stëmmen, wéi et Deputéierter ze wiele gëtt, dat heescht 6.

D'Wahl kann op déi folgend Aart a Weisen ausgedréckt ginn:

  • entweder gëtt eng Lëscht gewielt

Eng Méiglechkeet ass, e Kräiz (+ oder x) an d'Case uewen iwwer der Lëscht ze maachen an esou all Kandidat op dëser Lëscht eng Stëmm ze ginn.

Wann d'Lëscht, där Dir e Kräiz (+ oder x) ginn hutt, manner wéi 6 Kandidaten huet, kënnt Dir de Rescht vun de Stëmme fräi verginn. Am Beispill hei drënner gouf e Kräiz iwwer eng Lëscht mat 4 Kandidate gemaach, wat 1 Stëmm pro Kandidat entsprécht. An dësem Fall hutt Dir nach 2 Stëmmen, déi Dir un déi aner Kandidate kënnt verginn.

Opgepasst: Wann Dir e Kräiz (+ oder x) an d'Case iwwer enger Lëscht gemaach hutt, dann hutt Dir schonn all de Kandidaten op der Lëscht eng Stëmm ginn an dofir kënnt Dir nëmmen nach een zousätzlecht Kräiz hannert d'Kandidaten op der selwechter Lëscht maachen.

Äre Wahlziedel ass ongülteg, wann Dir méi Kräizer maacht wéi et Vertrieder ze wiele gëtt.

  • oder d'Stëmme ginn individuell verdeelt

Eng aner Méiglechkeet ass, eng oder zwou Stëmmen un d'Kandidaten ze ginn, bis zu engem Total vu 6 Stëmmen. All Kräiz (+ oder x), dat an eng vun den zwou Casen hannert de Kandidaten hirem Numm gesat gëtt, entsprécht enger Stëmm fir dëse Kandidat. Am Panachagesystem ass et erlaabt fir Kandidaten op verschiddene Lëschten ze stëmmen. De Wieler ka seng Stëmmen u Kandidaten aus verschiddene Parteie ginn.

Aktualiséiert