Sech aschreiwen

D'Aschreiwung an d'Wielerlëscht ass einfach – Dir kënnt Iech online op MyGuichet.lu oder perséinlech bei Ärer Gemeng aschreiwen.

Optioun 1: Aschreiwung online

Dir hutt d'Méiglechkeet, Iech bis zum 28. Februar 2019 um 17 Auer mat Ärem Luxtrust-Zertifika elektronesch iwwer MyGuichet.lu anzeschreiwen. Dës Demarche kascht Iech nëmmen e puer Minutten an erspuert Iech en Deplacement bei d'Gemengeverwaltung vun Ärem Wunnsëtz. Opgepasst: Äre Luxtrust-Produit muss en aktivéierten Zertifika hunn.

Optioun 2: Aschreiwung bei Ärer Gemeng

Dir musst virum 28. Februar 2019 ëu 17 Auer bei d'Gemengeverwaltung vun Ärem Wunnsëtz goen an e valabelt Identitéitsdokument mathuelen (Carte d'Identité, Pass). 

Verschidde Gemenge maachen hier Büroen ausserhalb vun den normale Schaffdeeg op fir datt auslännesch Matbierger sech an d’Wielerlëschten aschreiwe kënnen. Hei eng Lëscht vun de Gemengen déi matmaachen.

 

Wichteg Informatiounen:

  • Wann hien eng Kéier ageschriwwen ass, gëtt all Wieler automatesch fir déi nächst Europawahlen ageschriwwen a muss dann obligatoresch wielen. Wann hie plënnert, ass den Transfert op d'Wielerlëschte vun der neier Wunngemeng automatesch.
  • All auslännesche Wieler kann ufroen, vun der Wielerlëscht erofgeholl ze ginn.
  • Bréifwahl ass och méiglech.
  • Et ass méiglech, sech gläichzäiteg fir d'Gemengewahlen a fir d'Europawahlen anzeschreiwen. Dat sinn zwou verschidde Wielerlëschten an et muss ee sech fir béid Lëschten aschreiwen.
Aktualiséiert