Wat d'EU fir hir Bierger mécht: Konkret Beispiller

D'EU mécht konstant Efforte fir d'Liewensbedéngunge vun den europäesche Bierger ze verbesseren. Méi wéi 500 Millioune Leit an den EU-Memberstate profitéieren op vill Aart a Weise vun der europäescher Politik, egal op dat op der Aarbecht, beim Studium, an der Fräizäit oder am Familljeliewen ass.

Beispill 1: Enn vum Roaming

Zanter dem 15. Juni 2017 ass et üblech an den aneren EU-Länner "wéi doheem ze telefonéieren". Dësen Dag sinn nei Regelen an der EU a Kraaft getruede fir d'Roaming-Käschte fir Handyen ofzeschafen.

Beispill 2: Am Ausland studéieren a sech weiderbilden

Den Erasmus-Programm huet 2017 seng 30 Joer gefeiert. Wärend dëser Period huet hien et 9 Millioune Leit erméiglecht am Ausland ze studéieren, sech weiderzebilden, e Volontariat ze maachen oder Beruffserfarung ze sammelen. Zu Lëtzebuerg goufen tëschent 2014 an 2018 11.853 Mobilitéite finanzéiert.

Beispill 3: Ouni Grenze liewen a schaffen

D'EU-Bierger kënnen an egal wat fir engem Memberstaat liewen a schaffen. D'Aarbechter an hir Familljen hunn d'Recht an engem anere Land ze liewen an do wéi d'Bierger vun dësem Land behandelt ze ginn. Der EU hir rezentst Moossnam ass de Pak 2015 iwwer d'Mobilitéit vun den Aarbechter.

Beispill 4: Mat vollem Vertraue reesen

D'EU huet Grondrechter agefouert fir d'Passagéier ze schützen, fir d'Mobilitéit méi einfach ze maachen a fir e Bannemaart vum Transport z’ënnerstëtzen. Egal wat fir e Fortbeweegungsmëttel benotzt gëtt. Kloer Reegelen op EU-Niveau goufen agefouert, fir de Reesenden d'Recht op eng Indemnisatioun am Fall vun Annulatioun oder Retard ze sécheren.

Beispill 5: Bessere Schutz vun Ären Daten

Zanter dem 25. Mee 2018 profitéiert Dir als Konsument an der EU vun enger eenheetlecher Dateschutzlegislatioun a ganz Europa. D'Betriber kënnen net méi an dat Land goen, wou den Niveau vum Dateschutz am nidderegsten ass. D'Rechter op Zougang, Annulatioun a Rektifikatioun, déi d'Konsumenten am Moment hunn, ginn deelweis erweidert an nei Rechter kommen dobäi.

Beispill 6: An der virtueller EU online akafen

De Geoblocage ass eng Form vun Diskriminéierung, déi d'Clienten dovun ofhält, Zougang zu Produiten oder Servicer iwwer Websäiten an anere Memberstaaten ze kréien. Fir dës Restriktioun opzehiewen huet d'EU e Reglement géint de Geoblocage adoptéiert, dat am Mäerz 2018 an allen EU-Memberstaaten a Kraaft getrueden ass. Doduerch kënnen d’Bierger iwwerall an der EU ënner gläiche Konditiounen op eng grouss Villfalt vu Produkter a Servicer zougräifen, egal vu wou se dorop zougräifen an ouni zousätzlech Käschten.

Beispill 7: Liewensmëttelsécherheet

Dank der EU hire Reegele gehéieren d'Liewensmëttel an der europäescher Unioun zu de séchersten op der Welt. Wärend der ganzer Liewensmëttelkette garantéieren obligatoresch Inspektiounen, dass d'Planzen an d'Déieren eng optimal Gesondheet hunn. Si stellen och sécher, dass d'Liewensmëttel an d'Fudder fir d'Déiere sécher, héichwäerteg, korrekt etiquetéiert a konform zu de strikten europäeschen Norme sinn.

Beispill 8: Klimaschutz

D'EU huet mat hirer Klima- an Energiepolitik gutt Aarbecht geleescht: D'CO2-Emissioune si staark zeréckgaange, wärend d'Wirtschaft weider wiisst. Europa ass um gudde Wee fir säin Zil am Beräich Klimawandel an Energie fir 2020 ze erreechen oder esouguer ze iwwertreffen.

Den 3. Oktober 2018 hunn d'Europadeputéiert e Gesetzesprojet ugeholl, deen zum Zil huet, d'Emissioune vu Kuelendioxid ze reduzéieren an de Maartundeel vun Elektroautoen ze erhéijen. D'fixéiert Zil ass d'Reduktioun vun den CO2-Emissioune vun den neien Autoen ëm 40% bis 2030.

Schreift Iech an d'Wielerlëschte fir d'Europawahlen an, wann Dir un der Definitioun vun der europäescher Politik wëllt deelhuelen!

Ech schreiwe mech an

Aktualiséiert