Wat mécht d'EU-Parlament?

D'Europaparlament ...

  • ass déi eenzeg EU-Institutioun, déi direkt vun de Bierger gewielt gëtt;
  • vertrëtt ongeféier 512 Millioune Leit an den 28 Memberstaate vun der EU;
  • besteet am Moment aus 751 Europadeputéierten (dovunner 6 déi Lëtzebuerg vertrieden), déi a multinationale politesche Gruppen zesummekommen, jee no hirer politescher Orientéierung;
  • gëtt all 5 Joer nei gewielt. Déi nächst Europawahle si vum 24. bis de 26. Mee 2019 (26. Mee 2019 zu Lëtzebuerg).

Stroossbuerg ass de Sëtz vum Europaparlament. Bréissel a Lëtzebuerg sinn och Aarbechtsplaze vum Parlament.

De President dirigéiert all d'Aktivitéite vum Europaparlament a vu sengen Organer, virun allem d'Reunioune vum Plenum, vum Büro a vun der Presidentekonferenz. Aktuelle President ass den Antonio Tajani.

D'Haaptaufgabe vum Europaparlament sinn déi folgend:

  • Legislatioun: D'Gesetzesvirschléi gi vun der EU-Kommissioun proposéiert. D'Europaparlament an de Rot vun der europäescher Unioun (Rot) huelen dës Propositiounen un oder refuséieren se.
  • Demokratesch Kontroll: D'EU-Kommissioun an de Rot mussen dem Parlament reegelméisseg e Rapport iwwer hir Aktivitéite maachen. Wann d'Parlament net mat der Aarbecht vun der Kommissioun zefridden ass, kann et säi Mësstrauen ausspriechen an d'Kommissioun esouguer forcéieren, ze demissionéieren.
  • Budget: D'Europaparlament, zesumme mam Rot, entscheet de Budget vun der EU.

Mat Ärer Wiel entscheet Dir also mat iwwer d'Richtung, déi Europa an Zukunft aschléit.

Kuckt dem Europaparlament seng Websäit fir méi Informatiounen:

www.europarl.eu

Aktualiséiert