Froen an Äntwerten

Wéini sinn déi nächst Europawahlen?

D'Europawahlen, déi all 5 Joer stattfannen, sinn de 26. Mee 2019.

Ech sinn den Dag vun den Europawahlen net zu Lëtzebuerg. Wat soll ech maachen?

All d'Wieler, déi an de Wielerlëschte fir d'Europawahlen zu Lëtzebuerg agedroe sinn, kënne per Bréifwahl wielen.

D'Gemeng, an där de Wieler muss wielen, muss d'Demande fir d'Bréifwahl obligatoresch bannent de folgenden Delaie kréien:

  • Fréistens 12 Wochen virum Wahldag a spéitstens den 2. Mee 2019, wann de Convocatiounsbréif op Lëtzebuerg soll geschéckt ginn;
  • Fréistens 12 Wochen virum Wahldag a spéitstens den 16. Abrëll 2019, wann de Convocatiounsbréif an d'Ausland soll geschéckt ginn.

D'Demande fir Bréifwahl kann elektronesch iwwer myguichet.lu oder per Post gemaach ginn (als einfache Bréif oder op engem virgedréckte Formulaire, deen de Wieler bei der Gemeng vu sengem Wunnsëtz kritt).

Méi Informatiounen:

Bréifwahl fir d'Europawahlen ufroen

 

Ass de Vote obligatoresch?

Wielen ass obligatoresch fir all d'Wieler, déi an de Wielerlëschten ageschriwwe sinn. D'Wieler kënne sech net ersetze loossen. Bréifwahl kann op Ufro accordéiert ginn.

Méi Informatiounen:

Bréifwahl fir d'Europawahlen ufroen

Déi, deenen et net méiglech ass, un der Wahl deelzehuelen, mussen dem Procureur, dee fir hire Wunnsëtz zoustänneg ass, d'Grënn fir hir Abstentioun matdeelen, mat den néidege Justifikatiounen.

Modell fir d'Deklaratioun, dass et net méiglech ass ze wielen

Sinn d'office excuséiert:

  • D'Wieler, déi de Moment vun der Wahl an enger anerer Gemeng wunnen, wéi déi, an där si zur Wahl opgeruff ginn;
  • D'Wieler, déi méi wéi 75 Joer hunn.

 

Gëtt et d'Méiglechkeet, per Procuratioun ze wielen?

Neen, kee Wieler, deen an de Wielerlëschten ageschriwwen ass, ka sech ersetze loossen.

Ech sinn an eng aner Gemeng geplënnert, sinn ech ëmmer nach ageschriwwen?

Jo, de Buergermeeschter vun der Gemeng, déi Dir verloosst, informéiert d'Gemeng, an déi Dir plënnert, iwwer d'Ännerung vum Wunnsëtz, wat Iech d'Reinscriptioun erspuert.

Wéi eng Dokumenter muss een den Dag vun den Europawahle matbréngen?

Den Dag vun de Wahle muss de Wieler sech am Wahlbüro mat senger Carte d'Identité oder sengem Pass presentéieren.

Wat sinn d'Ëffnungszäite vun de Wahlbüroen?

D'Wieler kënne vun 8.00 Auer moies bis 14.00 Auer am Nomëtteg wielen.

Wien ass vun der Wahl ausgeschloss?
  • D'Persounen, déi strofrechtlech veruerteelt goufen;
  • D'Persounen, déi vun engem Strofgeriicht d'Wahlrecht oferkannt kruten;
  • Volljäreg Persounen ënner Tutelle.
Wie ka Kandidat sinn?

Fir Kandidat bei den Europawahlen ze si muss een:

  • Lëtzebuerger sinn oder d'Nationalitéit vun engem aneren EU-Land hunn;
  • D'Biergerrechter hunn an d'politesch Rechter net zu Lëtzebuerg oder a sengem Hierkonftsland an der EU oferkannt kritt hunn;
  • Den Dag vun de Wahlen 18 Joer hunn;
  • Fir d'Lëtzebuerger, säi Wunnsëtz am Grand-Duché hunn;
  • Fir déi, déi d'Nationalitéit vun engem aneren EU-Land hunn, de Wunnsëtz zu Lëtzebuerg hunn an dee Moment, wou d'Kandidatelëschten deposéiert goufen, ze Lëtzebuerg gewunnt hunn.

Méi Informatiounen:

Kandidat bei den Europawahle sinn

Fir wéi laang ginn d'Europadeputéiert gewielt?

D'Europadeputéiert gi fir 5 Joer gewielt.

Wéini gëtt e Wahlziedel als ongülteg ugesinn?

Déi folgend Wahlziedele sinn ongülteg: déi, déi méi Stëmmen ofginn, wéi et Memberen ze wiele gëtt; déi, déi guer keng Stëmm ofginn; déi, deenen hir Formen an Dimensioune geännert goufen, wou bannen iergendee Pabeier oder Objet dran ass, oder deem säin Auteur kéint duerch en net vum Gesetz autoriséiert Zeechen, eng Sträichung oder eng Mark erkannt ginn. D'ongülteg Wahlziedele ginn net a Betruecht geholl fir d'Zuel vun de Stëmmen ze bestëmmen.

Kann ech mech als Net-Lëtzebuerger, deen am Grand-Duché wunnt, vun der Wielerlëscht läsche loossen?

D'Net-Lëtzebuerger kënnen ufroen, vun de Wielerlëschte geläscht ze ginn. Si musse sech dofir un d'Gemeng vun hirem Wunnsëtz wennen. Den Numm gëtt d'office vun der Lëscht geholl, wa si net méi d'Konditiounen erfëllen, fir d'Wahlrecht auszeüben (wa si geplënnert sinn). Fir d'Lëtzebuerger ass et obligatoresch, ze wielen.

Muss ech mech vun de Wielerlëschte läsche loossen, wann ech Lëtzebuerg definitiv verloossen?

Neen. Dee Moment, wou Dir der Gemeng vun Ärem Wunnsëtz Ären Depart matdeelt, hutt Dir keen offizielle Wunnsëtz méi zu Lëtzebuerg a gitt dann automatesch vun de Wielerlëschte fir d'Europawahlen an d'Gemengewahle geläscht.

Ass eng duebel Aschreiwung méiglech?

D'EU-Bierger, déi am Grand-Duché wunnen an zu Lëtzebuerg op de Wielerlëschten ageschriwwe si kënnen net (per Bréifwahl) un den Europawahlen an hirem Hierkonftsland deelhuelen.

Wat sinn d'Optioune fir EU-Bierger, déi d'duebel Nationalitéit hunn?

Den Artikel 8 vum Akt vun 1976 iwwer d'Wahl vu Vertrieder am Europaparlament gesäit vir, dass kee méi wéi eng Kéier bei der Wahl vun de Vertrieder am Europaparlament dierf wielen. Deemno dierfen d'EU-Bierger, déi d'duebel Nationalitéit hunn, net an deenen zwee Länner, vun deenen si d'Nationalitéit hunn, wielen, mä si musse sech entscheeden, a wéi engem Land si wëlle wielen.

Wann en EU-Bierger awer di lëtzebuergesch Nationalitéit huet, ass e no Artikel 89 vum Lëtzebuerger Wahlgesetz dozou obligéiert, fir säi Wahlrecht zu Lëtzebuerg auszeüben.

Dierfe Wieler, déi e physeschen oder visuellen Handicap hunn, un de Wahlen deelhuelen?

Wa festgestallt gëtt, dass e Wieler e visuellen oder physeschen Handicap huet, dann autoriséiert de President en, sech vun engem Guide oder engem Assistent begleeden ze loossen a seng Stëmm duerch dësen ofzeginn, wann et him net méiglech ass, dat selwer ze maachen. D'Kandidate fir d'Wahl, d'Membere vun hirer Famill oder ubestuet Membere vun der Famill bis zum zweete Grad mat, d'Titulairë vu gewielte Mandater op nationalem, europäeschem oder kommunalen Niveau, Persounen, déi net liesen oder schreiwe kënnen an déi, déi no den Dispositioune vum Artikel 6 vum Wahlgesetz vun der Wahl ausgeschloss sinn, dierfen net Guide oder Assistent fir e Wieler mat visuellem oder physeschem Handicap sinn. D'Nimm vum Wieler a vu sengem Guide oder Assistent an d'Zort vun Handicap mussen um Protokoll mentionnéiert ginn.

E Wieler mat visuellem Handicap dierf seng Stëmm och ofginn andeems en de Modell fir per Taaschten ze wiele benotzt, deen him vum Organismus, dee per groussherzoglecht Reglement designéiert gëtt, zur Verfügung gestallt gëtt. E Wieler mat visuellem Handicap, dee sech am Wahlbüro ouni de Modell fir per Taaschten ze wiele presentéiert, kann de Modell, dee vum Wahlbüro bereet gestallt gëtt benotzen an dem President zeréck ginn, nodeems hie gewielt huet. E Member vum Büro kann e Wieler mat visuellem Handicap an eng Kabinn begleeden, fir him ze hëllefen, de Wahlziedel an de Modell fir per Taaschten ofzestëmmen anzesetzen.

Wou kann ech d'Resultater vun de fréiere Wahle fannen?

Dir fannt d'Resultater vun den Europawahle vun 1994 bis 2014 um Site elections.public.lu:

Fréier Europawahlen

Aktualiséiert